WËLLKOMM BEIM COSL SPILLFEST 2021

Konzept
E virtuelle Parcours mat Sportsatelieren, presentéiert vu Federatiounen, déi Member beim COSL sinn.

Zilgrupp
De Fokus läit am Allgemengen ob Familljen a besonnesch ob Kanner vun 3 bis 12 Joer.

En vue vun der aktueller Situatioun vun der Covid-19 Pandemie, kann de Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL) leider net ob traditionell Manéier säi sportlecht Event „COSL Spillfest – Sport a Spill fir d’ganz Famill“ um Dag vu Christi Himmelfaart ronderëm de Séi ob der Kockelscheier organiséieren.
Nodeems Promotioun vun der kierperlecher Aktivitéit een Haaptuleies vum COSL ass, huet dësen decidéiert dëst Joer säi Spillfest net nach eng Kéier komplett ausfalen ze loossen, mee eng virtuell Spezialeditioun an Zesummenaarbecht mam Sportsministère ze lancéieren.
Mir heeschen Iech also häerzlech Wëllkomm ob der 39. Editioun vum COSL Spillfest #SPILLFESTGOESDIGITAL

Ziler

  • D’Erhale vun der Traditioun vum Spillfest
  • Kanner an Elteren d’Méiglechkeet gi vill nei Sportsaktivitéiten z’entdecken, ze léieren an ze deelen
  • Ob eng lëschteg Manéieren d‘Praxis vun der kierperlecher Beweegung promovéieren a stäerken

BIENVENUE AU COSL SPILLFEST 2021

Concept
Parcours virtuel incluant des ateliers sportifs présentés par les fédérations membres du COSL sous forme de vidéos interactives.

Public cible
Familles avec une attention particulière adressée aux enfants de 3 à 12 ans.

Au vu de la situation actuelle due à la pandémie du Covid-19, le Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL) ne sera malheureusement pas en mesure d’organiser de façon traditionnelle la fête sportive « COSL SPILLFEST – Sport a Spill fir d’ganz Famill » le jour de l’ascension autour du grand étang situé à Kockelscheuer.

La promotion de l’activité physique restant cependant un vecteur principal du COSL, ce dernier a décidé d’innover en lançant en partenariat avec le ministère des Sports une version virtuelle du Spillfest.

Soyez donc les bienvenus au 39e COSL Spillest #SPILLFESTGOESDIGITAL

Objectifs

  • Maintenir la tradition du Spillfest
  • Donner aux enfants et aux parents la possibilité de partager, découvrir et apprendre de nombreuses activités sportives nouvelles
  • Promouvoir et renforcer la pratique régulière d’une activité physique de façon ludique

Ateliers

Déi interaktiv Kart presentéiert ee Parcours mat Sportsatelieren, déi et de Visiteuren erlabe verschidde Sportsdisziplinnen a Form vu Videoen z’entdecken.

Vum 21. Mee un ginn 4 Ateliere pro Woch online gesat. Mir invitéieren Iech d’Atelieren als Famill ze kucken a selwer auszeprobéieren. Fir Zougang zou engem Sportsatelier ze kréien, braucht Dir nëmmen ob de Piktogramm vun der betreffender Sportsdisziplin ze klicken an Iech vum Video guidéieren ze loossen.

La carte interactive présente un parcours d’ateliers sportifs permettant de découvrir diverses disciplines sportives à l’aide de vidéos.

À partir du 21 mai, 4 ateliers par semaine seront mis en ligne. Nous vous invitons à visionner et reproduire les ateliers en famille.

Pour accéder à un atelier sportif, il vous suffit de cliquer sur le pictogramme de la discipline sportive en question et de vous laisser guider par la vidéo.

Catégorie Hockey

CONCOURS COSL SPILLFEST 2021

Virwëtzeg ze gesinn wéi Dir an der Famill déi eenzel Ateliere reproduzéiert, géife mir eis freeë wann dir dës Momenter a Form vu Videoen oder Fotoe mat eis deele géift.

Huelt also aktiv um Spillfest deel, andeems Dir Video(en) oder Foto(en) ob eise Site eropluet an huelt dobäi gläichzäiteg un eiser gratis Tombola deel. Zousätzlech huet all Famill déi Video(en) an / oder Foto(en) eropgelueden huet, d‘Recht op en “COSL Spillfest” T-Shirt (een T-Shirt pro Familljemember bannent de Limitte vu verfügbaren T-Shirten).

Curieux de vous voir à l’œuvre lors de la pratique de l’atelier, nous serions ravis de recevoir l’une ou l’autre vidéo et/ou photo de votre part.

Prenez part activement en publiant des photos et/ou vidéo(s) et participez ainsi à notre tombola gratuite.

Chaque famille ayant téléchargé une vidéo et/ou photo aura droit à un t-shirt « COSL Spillfest » (un t-shirt par membre de famille dans la limite du stock disponible) et participera à une tombola gratuite.

Formulaire de participation Spillfest Challenge

Important : aucune vidéo/photo ne pourra être téléchargée sans les informations suivantes.

Tailles disponibles pour les t-shirts : 7/8 ans, 9/11 ans, 12/14 ans, S, M, L, XL et XXL.

Un T-shirt par membre de famille, maximum 6- T-shirts.

Autres actions

Handbuch zur Bewegungsförderung bei Kindern von 0-12 Jahren

En savoir plus

Réseaux sociaux

En collaboration